Gruppeweekend zu Ierpeldeng

21. Oktober 2017

D’Scoutsjoer 2017/2018 ass knapps ugelaf, a fir eis all direkt besser kennen ze léiere gi mir schonn op Ierpeldeng bei Ettelbréck op e Gruppeweekend. Eist Thema dëst Joer ass Halloween”, a mir wäre frou wa jiddereen sech eng grujeleg Verkleedung géif mathuelen. Mir treffen eis samschdes, den 21. Oktober um 13:30 zu Jonglënster op der Gare a fuere vun do aus mam Bus bis bei de Chalet.
Sonndes, den 22. Oktober si mir géint 15:30 fäerdeg a wäre frou wann d’Elteren Fuergemeinschaften kéinte maachen, well den ëffentlechen Transport sonndes leider méi komplizéiert ass. Wann dir bereet wäert beim Transport ze hëllefen, da mellt Iech bei de Cheffen. Iech elo schonn e grouse Merci!

De Weekend kascht 40 € pro Nues. Iwwerweis d’Suen w.e.g. bis de 16. Oktober op de Gruppekont vun den LGS St. Martin LU80 0090 0000 0434 6490 (CCRA)
Mam Vermierkt “Gruppeweekend + Numm + Branche”. Villmools Merci ! Hei hues du eng ongeféier Iwwersiicht iwwert eise Programm:

Samschdeg:

Treffen op der Gare zu Jonglënster
Ukommen zu Ierpeldeng am SNJ Chalet, Ariichten Workshops
Owesiessen & Spullen
Veillée
Nuetsspill
Nuetsrou, je no Branche

Sonndeg:

Opstoen
Moiesiessen & Spullen Rallye
Mëttegiessen & Spullen Botzen
Fortfueren zu Ierpeldeng

Download Fiche médicale

Umeldung Gruppeweekend

  • Umeldung fir de Guppeweekend zu Irpeldeng den 21. Oktober