Update:

D‘Lënster Guiden a Scouten mussen wéinst den aktuelle Wieder Konditiounen d‘Buergbrennen vu Muer ofsoen, dat huet eis d Gemeng an engem Mail um 17h00 matgedeelt, nodeems schonn säit der ganzer Woch Owes an Haut den Moien 9h fläisseg drun geschafft gouf .

Alternativ proposéieren mir iech awer Muer ab 18:30 e gemittlechen Owend mat Gegrills an Ierbsebulli am Gaart vum Home Baltes niewent der Lënster Kierch ze verbréngen.

Merci fir äert Verstees de mech an bis Muer den Owend

Mat beschte Guiden a Scouts Gréiss.


🔥🚪Et ass erëm esouwäit, d’Buergbrenne steet virun der Dier.

Genee esou sti mir dann nees e Samschdeg den 29ten Februar virun ärer Dier a kommen d’Stéieren ophiewen.💰😁

D’Virbereedunge fir déi schéinste Buerg lafe schonn op Héichtouren, an elo och hei fir iech all wichteg Informatiounen zum 1ten Mäerz.

Mir hoffen, dass dëst Joer nees ganz vill vun Iech matginn, an eist Buergbrennen net nees wéinst Stuerm muss ofgesot ginn. 🌪
Wann nach Froe sinn, zéckt net eis ze schreiwen.

Matt beschte Guiden- a Scoutsgréiss
är LGS St. Martin Jonglënster ⚜️

Flyer-Buergbrennen_compressed