De Grupp

De Grupp Saint Martin (Lënster Scouten) vu Jonglënster gehéiert zum Verband vun de „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“ (LGS). D’LGS ass e Jugendmouvement, deen fir jiddereen op ass. Mat ongeféier 5.000 Membere sinn d’LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 58 lokal Gruppe gëtt et am Land. D’LGS si Member bei der „World Organization of the Scout Movement“ WOSM an der „World Association of Girl Guides and Girl Scouts“ WAGGGS.

Déi Lënster Guiden a Scouten bidden de Kanner (ab 8 Joer) a Jugendlechen eng ganz Rei flott an usprochsvoll Aktivitéiten un. Nieft eiser Montée, dem Adventsmaart, organiséiert all Branche hir Versammlungen, Sortie’en, Weekender a Camp’en, déi dann dem jeeweilegen Alter ugepasst sinn.

Philosophie a Programm vun den LGS

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

 

 

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzelne flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

 

Adventure

De Schwéierpunkt vun den LGS läit am Beräich vun den Adventure- an Outdooraktivitéiten. Mir probéieren de Jonken eng Ofwiesslung zum Alldag ze bidden an hieren Entdeckergeescht unzereegen. Dofir maache mir esou vill wéi méiglech Gruppenaktivitéiten dobaussen.

 

Kreativ, innovativ, ofwiesslungsräich

Duerch eis ofwiesslungsräich Aktivitéite gi mir de Jonken e Raum fir Saachen auszeprobéieren an z’erfuerschen. Nom Prinzip vum „Learning by Doing“ kréien déi Jonk d’Méiglechkeet sech kreativ a selbstänneg un der Gestaltung vun hierem Programm ze bedeelegen.

 

Challenge

Déi perséinlech Erausfuerderung an de Spaass stinn am Mëttelpunkt vun eisen Aktivitéiten. Doduerch erméigleche mir et deem Eenzelnen Neies ze erléieren, seng Stäerkten auszebauen an iwwer sech selwer eraus ze wuessen.

 

Internationalitéit

Als Deel vun der Guiden- a Scoutsbeweegung, déi op der ganzer Welt vertrueden ass, bidden d’LGS d’Méiglechkeet Frëndschaften iwwer all Grenzen an Ënnerscheeder ewech ze schléissen. Doriwwer eraus engagéiere mir eis a verschiddene Länner mat de Jonken op der Plaz fir gezilt Projete fir ENG Welt ze réaliséieren.